thumbnail image
broken image
broken image
  • Wëllkomm
  • Wie si mir
  • Kontakt
  • …  
    • Wëllkomm
    • Wie si mir
    • Kontakt
    Online Buttek
    broken image
    broken image
    • Wëllkomm
    • Wie si mir
    • Kontakt
    • …  
      • Wëllkomm
      • Wie si mir
      • Kontakt
      Online Buttek
      broken image
      • Mireille Weiten - de Waha

        broken image
        broken image

        Mireille Weiten-de Waha ass Schrëftstellerin, haaptsächlech vu Kannerbicher. Si schreift och Kuerzgeschichten déi op der Theaterbün opgefouert ginn. 2006 kritt si fir hiert éischt Kannerbuch « Klenge roude Léw » de Präis « De Fischen » (Salon du livre d’enfant et de la jeunesse, 2006). 2009 gëtt dës Geschicht am Parc Merveilleux veréiwegt.

         

        Hiert 2. dräisproochegt Buch « Kouhandel mat der Wiederhex » gëtt 2021 och am Parc Merveilleux geéiert a Form vun enger Œuvre Monumetale.

         

        « Starallüren um Krautmaart » ( gewënnt 2011 de Lëtzebuerger Buchpräis) an « Schwamm mat de Séipäerd » si Bicher mat Héierspiller.

         

        « De Josi wandert aus » gëtt et a Lëtzebuergescher an Englescher Versioun. De klengen Äisbier wandert aus, fir d’Welt ze retten.

        Erzielunge  vum Mireille Weiten-de Waha sinn ënner anerem an Anthologië vun de Walfer Bicherdeeg erauskomm.

      • broken image
      • Marco Weiten

        broken image

        De Marco Weiten, gebuer den 12. Juni 1965, verbréngt a senger Kandheet vill Zäit bei senger Bomi zu Paräis. Hei léiert hien d’ Konschtszene kennen. Seng Léift zu der Natur an zu den Déiere fënnt och hei säin Ursprong. E puer Reesen an Alaska droen hiert dozou bäi, dass hien säi Wee als Artiste animalier fënnt.

         

        Déieren illustréiere laut him am beschten d’Konzept vun der Zäit an der Existenz.

         

        broken image

         

         

        Präisser​

         

        • Premier Prix au concours 'am Schluechthaus' 1994
        • Premier Prix de la jeune Peinture, 1995
        • Prix “De Fisschen " Salon du livre de l'enfance et de la jeunesse “, 2007
        • Lëtzebuerger Buchpräiss 2011
         

        Œuvres monumentales

        • “Klenge roude Léiw” Oeuvre monumentale Parc Merveilleux Bettembourg, 2009
        • “Kouhandel mat der Wiederhex“, Oeuvre monumentale Parc Merveilleux Bettembourg, 2021
        • Goodbye Monopol 2, Gasperich
        broken image

        Den Artist leet Wäert op Realismus déi expressionistesch Forme vun der Peinture privilegiéiert. Hien zeechent Hymnen vu Faarwen déi explodéiere wéi d’Jugend an d’Liewen.

        Säit 1992 schafft de Marco Weiten an huet a Lëtzebuerg, Amerika a Frankräich e sëllegen Ausstellunge gehat.

        Hien ass reegelméisseg mat sengen « Action Paintings" um Tour, wou hie, wärend hie life moolt, musikalesch begleet gëtt vun engem afrikanesche Grupp. De Rythmus an d’Faarwe bréngen de Public zum Vibréieren.

        De Marco Weiten ass och Illustrateur vu Kannerbicher, déi seng Fra, Mireille Weiten-de Waha, schreift. Seng emouvant Personnagë beréieren de Spectateur an huelen eis mat an eng imaginär Mäerchewelt.

         

         

        broken image
      • broken image
      • Contactéiert eis
      broken image
      Mireille Weiten - de Waha
      Tél. 621 31 60 26
      mimiwaha@pt.lu
       
      Marco Weiten
      Tél. 661 69 24 72
      weitenmarco@gmail.com
      Atelier vum Marco Weiten
      Emil Mark Haus
      7, avenue de la Liberté
      L- 4601 Differdange,
      Luxembourg
      Weiten - de Waha - Designed by yellow.lu © 2022
      Terms & Conditions
        Cookie Use
        We use cookies to ensure a smooth browsing experience. By continuing we assume you accept the use of cookies.
        Learn More